De Club B.C. WOLZ gouf am Oktober 1985 gegrënnt. Haapt Responsablen woren Diederich Jang an di 2 Turnproffen Duhautpas Marcel an Thillens Robert. Hiren Wonsch wor mat de Kanner aus der Schoul kenne Badminton ze spillen. Fir dëst kenne méiglech ze maachen, huet Hall missen Linnen gezeechent kréien fir Spillfelder ze definéieren.

Während der Allerhellegevakanz konnten 8 nei Terrainen vum Duhautpas Marcel, Thillens Robert an Schüler aus dem Lycée gezeechent gin. Am Ufank wor Ziel net am Championnat ze spillen mä just esou als Fräizäitsport. Et ass eicht am Joer 1988 wou den Herr Esch Dany säin Wonsch erfelen konnt andeems hien eng Equipe gegrënnt huet an esou di éischte kéier am nationalen Championnat konnt deelhuelen. Spéiderhin gouf eng nei Hall opgeriicht an der Géigend vum Camping déi bis elo nach ëmmer just fir Badminton geduecht ass an eisen Haaptsëtz ass.

Den 08. August 2008 goufen nei Statuten am "Bureau des sociétées" zu Diekirch fir eng A.S.B.L kenne ze grenen.

Saison Unzuel Equipen Wéi eng Divisiounen
1989-1990 1 Equipe 3. Divisioun
1990-1991 1 Equipe 3. Divisioun
1991-1992 1 Equipe 3. Divisioun
1992-1993 1 Equipe 2. Divisioun
1993-1994 2 Equipen 1. Divisioun , 2. Divisioun
1994-1995 3 Equipen 1. Divisioun , 2. Divisioun, 3. Divisioun
1995-1996 3 Equipen National Divisioun , 2. Divisioun, 3. Divisioun
1996-1997 3 Equipen National Divisioun , 2a. Divisioun, 2b. Divisioun
1997-1998 4 Equipen National Divisioun , 2. Divisioun, 3a. an 3b. Divisioun
1998-1999 3 Equipen 1. Divisioun , 1. Divisioun, 2. Divisioun
1999-2000 2 Equipen National Divisioun, 2. Divisioun
2000-2001 1 Equipe 1. Divisioun
2001-2002 1 Equipe 1. Divisioun
2002-2003 1 Equipe 1. Divisioun
2003-2004 2 Equipen National Divisioun , 3. Divisioun
2004-2005 2 Equipen 1. Divisioun , 3. Divisioun
2005-2006 2 Equipen 2. Divisioun , 4. Divisioun
2006-2007 2 Equipen 1. Divisioun , 3. Divisioun
2007-2008 2 Equipen 2. Divisioun , 4a. Divisioun
2008-2009 2 Equipen 3. Divisioun , 4b. Divisioun
2009-2010 2 Equipen 3. Divisioun , 4b. Divisioun
2010-2011 2 Equipen 2. Divisioun , 4a. Divisioun
2011-2012 2 Equipen 1. Divisioun , 4a. Divisioun
2012-2013 2 Equipen 1. Divisioun , 4a. Divisioun
2013-2014 1 Equipe 2. Divisioun
seit 2014-2015 keng Equipe /